Är Equipe 2011: Thilly ECKER-GOEDERT
Privatbeamtin ACL (an der Pensioun)
D’Thilly Ecker-Goedert ass Mamm vun zwee erwuessene Kanner a Boma vu véier Enkelkanner. Si wunnt zu Koplescht an ass och do an d‘Schoul gaangen. Duerno koum si an de Meedercherslycée an der Stad. Hir berufflech Ausbildung huet si an der Scherer-Schoul kritt.
D’Thilly Ecker huet materlieft, wéi Koplescht gewuess a wéi de Briddel ëmmer méi grouss ginn ass. Si ka vun der Zäit erzielen, wéi am Duerf d’Geschäfter nach en Treffpunkt fir d’Nopere waren, a wéi d’Liewen an der Gemeng sech lues a lues verännert huet. D‘Thilly Ecker trëtt dofir an, datt aus eiser Gemeng keng „Schlofgemeng“ gëtt!
Thilly Ecker ass gewinnt z‘organiséieren, Verantwortung ‘ iwwerhuelen an op d’Interessen an d’Suergen vun de Leit anzegoen. Si huet dat op hirer Aarbecht am Automobilsclub geléiert, wou si 38 Joer Joer laang geschafft huet an dovunner 15 Joer als Chef vun der grousser Reesagence vum ACL.
|