 |
Är Equipe 2011: Roger HAMEN
Attaché Centre de ressources Rockhal
De Rosch Hamen ass zënter laange Joren an der Musekszeen aktiv, do wou Rock, Pop an Jazz grouss geschriwwe ginn. D’Jugend a besonnesch och déi jonk Museker verdanken ë.a. him den Duerchbroch vun där Musek an eisem Land. De Rosch Hamen huet sech laang Jore fir d‘Rockhal zu Esch-Belval agesat.
Hie wunnt zënter 1985 um Briddel, ass bestuet an huet zwee Jongen. Hien huet et fäerdeg bruecht, datt d‘„Fête de la Musique“ zënter 2007 e Begrëff och an eiser Gemeng gouf. D’Leit aus eiser Gemeng verdanken him vill flott Concerten.
De Rosch Hamen ass Member vun der Kulturkommissioun. Hie weess, wéi wichteg et fir eng Gemeng ass, och um kulturelle Plang aktiv ze sinn an duerfir Leit ze hunn, déi dobäi eng Hand mat upaken. Et wär gutt, säi Wëssen a seng Relatioune fir eis Gemeng notzen ze kënnen.
|