Är Equipe 2011
Är Equipe 2011: Hendrik Kühne
Är Equipe 2011: Hendrik KÜHNE
Chargé de direction «Aarbechtshëllef» ASBL

Den Hendrik Kühne war bestuet an huet ee Kand. Hie war 8 Joer al, wéi seng Elteren op de Briddel geplënnert sinn. Hie war nach e puer Joer bei eis an der Gemeng an der Schoul, huet seng Première am Lycée Michel Rodange gemaacht, fir duerno seng Studien als Diplom-Politolog ofzeschléissen. Hien huet, zum Deel am Optrag vun der lëtzebuerger Regierung, am Ausland, z.B. an der Entwécklungshëllef, geschafft.

Et ass also net verwonnerlech, datt den Hendrik an der Friemekommissioun an an der Finanzkommissioun matschafft. Säi soziaalt Engagement weist hien op senger Aarbecht. A mir kenne säin Asaz fir d’Jugend: den Hendrik huet an der Jugendaarbecht um lokale Plang wichteg Responsabilitéiten iwwerholl.

Den Hendrik Kühne bréngt Asaz a Wësse mat, wat mer an der Gemeng onbedéngt brauchen.
Är Equipe 2011- Briddel / Koplescht © 2011 KLwebdesign.com • 11.10.2011