 |
Är Equipe 2011: Dany WEYLER
Ëffentlechkeetsaarbecht radio100,7
D’Dany Weyler wunnt zënter 1977 um Briddel an huet zwee erwuesse Kanner.
D’Dany Weyler interesséiert sech zënter laangem fir d’Liewen an der Gemeng. Si war bis 2005 Member vun der Friemekommissioun a vun der Kommissioun Egalité des Chances. An der Mandatsperiod, déi elo op en Enn geet, huet Dany Weyler e puer Joer d’Egalitéits-Kommissioun presidéiert. Am Oktober 2010 ass d’Dany Weyler an de Gemengerot komm, wéi de Josy Huberty aus perséinleche Grënn demissionéiert huet.
Är Equipe ass sech bewosst, datt de Kontakt mam Bierger an eiser Gemeng nach ka verbessert ginn. Als Spezialist fir Ëffentlechkeetsaarbecht wäert d’Dany Weyler nei Iddien a Virschléi fir eng effizient Informatioun entwéckelen, fir datt d’Awunner besser un den Decisioune bedeelegt ginn.
|